Back to All Events

Wanter op der Millen


  • D'Millen asbl Huewelerstrooss Beckerich Luxembourg (map)

Entdeckt de Wanter op der Millen !

Am Kader vum 1. Wanter op der Millen organiséiert d'Millen asbl zesumme mam Autisme asbl, Gringgo an Home Textile e ganz besonnesche Chrëschtmaart, deen Iech schonn all dat bitt, wat Dir fir d'Feierdeeg braucht.

Datum: 24. a 25. November

Plaz: Op der Millen

Wat erwaart Iech?

Taucht an eng Wanterwelt vu flotte Stänn a Stëmmung, déi Iech onvergiesslech Momenter an dëser festlecher Zäit bidden. 

Dekoratiounen, Leckereien an nach villes méi, hei ass déi perfekt Geleeënheet Saache fir ënnert de Chrëschtbeemchen ze fannen.

Op eisem Wantermaart erwaart Iech eng breet Palette vun Aktivitéiten, Iessen a Gedrénks a vu musikalescher Ënnerhalung bis zu Animatioune fir grouss a kleng.

Aktivitéite fir déi ganz Famill:

Verschidde Spiller an e spezielle Gaascht sinn ob der Platz fir d’Kanner ze ënnerhalen ; wärend d’Elteren ee gudde Glühwäin oder hire Shoppingtour genéisse kennen.

Als besonneschen Highlight fënnt Samschdes zu ënnerschiddlechen Zäiten e flotten Escape Game statt, fir deen een sech allerdéngs umelle muss (complet !)

Dëst kennt Dir maachen ob info@dmillen.lu

Mir freeën eis op Äre Besuch !