Back to All Events

Déi éischt 100,7 Kannerradionuecht !

  • D'Millen asbl Huewelerstrooss Beckerich Luxembourg (map)

D'Kannerradionuecht um radio 100,7

Et blubbert an et kréckelt, et rumouert an et spruddelt, et brutzelt a knuppt ...
Bei der éischter 100,7 Kannerradionuecht. Zesumme maache mir Experimenter, bis d’Eltere schlofen.

Léif Fans vun der Wëssenschaft a léif hell Käpp,

Sidd dir prett fir déi éischt Kannerradionuecht? Mir si scho ganz gespaant a freeën eis op en Owend voller Geschichten, Experimenter a Musek.

Dëse Freideg, den 24. November stinn d’Tessy Steffen Koenig an de Jean-Claude Majerus fir iech vun 19:00 Auer bis Mëtternuecht am Radiolabo an hunn och e puer verréckt Professeren a Professorinnen an Erfinder:innen invitéiert. Mat hinnen zesumme loosse mir Hoer zu Bierg stoen a Faarwen an der Däischtert danzen.

Spannend um Radio ass, wéi Biller just duerch Schwätzen an Nolauschteren an d’Käpp gezaubert ginn. Dofir hu mir Radio gären a wëllen iech dës Faszinatioun a genial Erfindung weiderginn a méi no bréngen.

Mee näischt ass méi schlëmm, wéi e virwëtzege Kapp, deem säi Bauch grommelt, oder? Dowéinst hu mir e puer Rezepter fir iech erausgesicht, déi dir zesumme mat äre Frënn, Famill oder Schoulkolleegen a -kolleeginnen nomaache kënnt.

Zäit fir ze raschten an ze spillen ass natierlech och. Dir musst net déi ganzen Zäit just virum Radio verbréngen. Sicht iech är Favoritten eraus a gestalt äert eegent Radioerliefnis.

Speziell fir d’Kannerradionuecht huet d’Nikki Ninja eis e Lidd geschriwwen, an dat spille mir ganz exklusiv um Radio. Spëtzt är Oueren a loosst ärer Fantasie fräie Laf, wa mir zesummen op eng spannend Rees duerch déi faszinant Welt vun den Experimenter a Geschichte ginn.

Eng Weltpremière ass och d’Lauschtergeschicht vum “Den Eppes”, deen op der Kannerradionuecht déi éischte Kéier ze héieren ass.

Mir freeën eis op iech!

Earlier Event: November 24
Wanter op der Millen
Later Event: November 25
Atelier relooking de meubles