Nos 10 ans

 
 
 

2004 huet fir d’Millen,

Jo, mir kënnen et haut nach fillen,
Net ze gleewen, de Big-Bang geschloen,
De Millegeescht musse mir froen.

De Jang de Blanne wor am Spill, 
Hien huet d’Mille Clairefontaine zougespillt.
Véier Jorhonnerte laang,
De Mëller war duerfir nit baang,
Hu si de Bockel duergehal,
Dat bei all Wieder, naass a kal,
Den Nonne war dat ganz egal,
Hir Denkweis, du scho klerikal,
Gong duerch de Beidel, radikal.

Du koum d’Franséisch Revolutioun,
Elo war Schluss mat Traditioun.
De Klouschterbesëtz gouf verkaaft,
De Mëller huet an d’eegen Täsch geraaft.

D’Famill Waxweiler war déi lescht,
Déi an der Mille gouf hiert Bescht.
Si war hirer Zäit e Schrack viraus,
huet si dach mat Stroum sech kannt schonn aus.
D’Ganz Duerf gouf elekrifizéiert,
Fir déi Zäit ganz onerhéiert.

Mee wéi koum dat éischt Streckeisen,
Du krut d’Sicherung d’Freckeisen.
Si gouf gefléckt mat Fäschendrot, 
De Pompjeesmisch gouf net gefrot.

De Buschtaf „J“ huet mir et ugedoen,
Gellt, do stellt Dir Iech Froen!
Do ass emol den Hellege Job,
Neen, neen, dat soll si kee Flop.
Um Kuelebierg gouf hie veréiert,
Nach haut ass dat eng Plaz déi ganz beréiert.
Sou munnech Concert huet d’Millen do organiséiert,
D’Geschicht vun der Kapell gouf recherchéiert.

Am Departement des Forêts,
Ass nit nëmme gewuess Genêt,
Do goufen et Buchen, Eechen, Dännen,
Bësch an nach mol Bësch un allen Ennen.
Sou ass an der Millen entstanen,
Eng Seeërei, déi konnt gefalen.

Vum Job komme mir bei de Jupp,
An der Seeërei huet et gefluppt,
Wann un den Hiewel stong de Jupp,
Dat Ganzt ni ouni säi Mupp.

Iwwerall richt et no frëschem Holz,
D’See kräischt a kritt gefillt de Bolz.
De renge Seemill schwieft duerch d’Loft,
verfänkt sech an de Spawecken, oft!

Haut juppt et net méi an der Seeërei,
Do spillt lo eise Josy déi éischt Gei. 
Millepätter oder Millegeescht?
Hien ass einfach dee gudde Geescht!
De Josy a seng ganz Equipe,
Dat ass fir d’Millen dee VIP ! (very important persons)

J ewéi Jeudi au moulin,
2006 gouf et Numero un.
„Neie Wand an der Millen“ war de Motto,
Et sollt gi bis haut e Sechser am Lotto.

Deen alleréischten, wéi konnt et anescht sinn, 
Huu! , hat Iech mat Geeschter ze dinn.
Mam Carlo Kockerols als Riedner, 
Si mir gezunn iwwer Griewer, Kierfechter,
Dës Däiwels war schonn eleng säin Numm,
Mee mir haten deen néidege Mumm.

Mam Raymond Behm si mir gezunn,
Vum Nordpol op de Südpol, o wéi kal!
Dann op de Mount Everest, bal geflunn,
Ëmmer méi héich an nach méi kal.

An elo alles op d’Schueberfouer,
De Steve Kayser huet äis gefouert.
Sou muenchereen huet ganz jonk sech gefillt,
Hat duerno am Mo en drolecht Gefill.

Wëll Dir net vergëften Är Schwéiermamm, (ech betounen net!)
Da sidd Dir am Champignonscours richteg.
Ob Lamellen, Réier oder Schwamp,
All klengen Detail ass hei wichteg.

„Um Jakobswee mam Charel“,
huet beweegt d’ganz Géigend bis op Arel.
War et dem Schweichech Nikelas seng Stëmm?
Oder Nostalgie no deene laangen Oueren?
Jee, alles war derzou bestëmmt,
Datt et vu Leit nëmmen sou gerumouert.

Februar 2011
Déi fofzegst Editioun war fälleg,
De Jeudi au moulin ass äis helleg.
Lo steiere mir, wéi ëmmer, ganz geselleg,
op déi Honnert zou, schéi gemälleg.

Promenade matinale au lever du soleil 21.03.2009
Eemol moies, an aller Fréi,
Ech war joggen, an engem Niwwelséi.
Zu Huewel beim grousse Kräiz,
Et gong biergop, o wat e Kräiz,
Dauchen aus dem Niwwel … op engem Feld,
D’Ëmrësser vun engem wäissen Zelt.
D’Mille mécht e Fréijorstrip,
Bei Sonnenopgank, dat war deen Tipp.
Gespréichsfatze kléngen u mäin Ouer,
Et mengt een ‘t wier een op der Fouer.
D’Tase rabbelen, et richt no Gefréiss,
Eng kleng Paus, déi wier elo séiss.

Ech wénke vu wäit, ganz diskret,
Ze vill diskret, näischt geschitt.
Mäi Mo hat ëmsoss sech gefreet,
Duerfir bleiwen ech weider fit.

An der Mille si mir gehäit,
Mat Autoritéite vun no a wäit.
Um Energietour wëlle si tanken,
Nei Energie, nei Gedanken.

Déi fréier Ministesch, d’Françoise Hetto,
Déi hat Iech vläicht eu chaud.
Huet opgezunn dee Millesak,
Hätt ni geduecht, datt si sou staark.

Fairtrademaart 2013
Mir waren net wéineg flattéiert,
O, mir hunn äis bal genéiert.
Goufe Fournisseur de la Cour,
Kruten héije Besuch vun der Cour.
D’Marie-Thérèse an den Henri,
„Wor dat net flott, mon Chérie !“

Bleiwe mir beim J, wéi Julia,
an der Bakstuff schafft hat mat Hallotria.
Schwänkt rondrëm Rull a Broutschéiss,
Do gi mir besser aus de Féiss.
Am ganze Gebai richt et sou herrlech,
No frëschem Brout, ei sou defteg.
Mam Projet Cultrips huet hatt äis gefouert an d’Welt,
Biekerech ass net méi Provënz, gelt!
Sanften Tourismus ass seng Devise,
Et geet och op Englesch, please.

D’Françoise steet fir Jeunesse,
Deene Jonke bréngt hatt mat Raffinesse,
D’Regele vun der Konscht méi no,
Net ze vergiessen déi manner Jonk, ouni Fro!
An eiser Millegalerie,
Kënn Dir gesinn sou muenche Genie.
Wann och alles vergeet,
D’Freed un der Konscht dach ëmmer gutt deet.

Noper am Alphabet si J an I,
Do héiren ech schonn ee laachen, hihi.
Beim Isabelle hunn ech mer bal d’Auer gebrach,
Hatt ass iwwerall vum Fach.
Historikerin vu Beruff,
Koum hatt an d’Mille wéi geruff.
Hat tourt op ville Plazen,
Do ass et net fir ze gaapsen !
Energietour, Beientour,
Waasser, Weiden, Wisen,
7+2 Millen an der Gemeng,
Musée Näerdener Gare,
Patrimoine rural, Patrimoine religieux
An engem Dag och emol 2mol on Tour,
Do misst een emol ausloossen en Tour !!!

Dat war eisen Dammentrio,
Dee mécht seng Aarbecht mat Brio.
Mee e Gefier op dräi Rieder,
Do feele mir einfach d’Wierder.
E véiert Rad muss do mol hir,
Soss ass et kee richtegt Gefier. 

An der Millen ass d’Bekizentral,
do wuddert de Max ganz genial.
Säi Gebitt ass och nach Vallenergie,
Do schafft hie mat vill Energie.

Eis Maschinn huet och e Reserverad,
Dat mécht dat Ganzt nach méi apart.
Mir sinn nach ëmmer beim J, wéi Jean,
Hien hält sech op am Arrière-plan.
Dem Isabelle säi Soutien moral inconditionné,
Ass hien eise Supporter passioné.

Nach e Wuert zu eise Maskottchen,
Dat gehéiert jo zu all Clibbchen.
Mir sinn sou fräi,
Hunn der gläich dräi.

Eise Millegeescht virop,
Deen ass einfach top.
Jidderee mengt en ze kennen,
Den Dag verbréngt hie mat Pennen,
Nuets bréngt hien äis un d’Rennen.
A wie soll en dann do erkennen?
Lo ass hien och nach am Jumelage,
Mam Kropemann , an dat a sengem Âge!

Als Nächst sinn eis Inten drun,
O Här wat hu mir dervun?
An aller Härgottsfréi geet den Zodi lass,
A schonns ass déi ganz Strooss beschass.
Déi Dammen di besonnesch Kreesch,
Hunn ëmmer een do sëtze queesch. 
De Josy léisst si net amplang,
Hei, de Bäcker eng Pipeline plangt.
„Wat wor am schéinsten“?, goufen d’Kanner gefrot,
„D’Inten“, koum d’Äntwert op der Dot.
Da kann ech mäi „Canard à l’orange“ wuel vergiessen,
Déi Grouss denken ower och nëmmen un d’Iessen.

Komme mir zu Nummer dräi,
Eise Fräschen, fuere mer net rondrëm de Bräi:
„Sinn si och hannen zockerséiss,
D‘ Bee brauchen si, et ass kuriéis,
Fir ze sprangen an ze hopsen,
Déi sinn net do fir ze frupsen!“
De Quaki, hiren Oberfräsch, huet an der Maach,
Eng Broschür,mee déi läit nach an der Baach.
Elo sicht hien Hëllef bei der Cousine Suebelmouk,
Alias Gebuertshelferkröte, mee hoffentlech ass déi net moukeg.

Lo kéint ech eigentlech trëpplen,
Wollt nach am Comité stëpplen.

Nach e Fall vu J., wéi Joséphine,
Hatt huet bestëmmt zegutt eng Prime.
10 Joer laang war hat bereet, …
Sou et a mengem Bichelche steet,
Ze maache vun all Sëtzung en Etat, net en Etat de la Nation
Sou wäit geet bei him de Benevolat.

Um Dësch ass de Lëtzebuerger bekannt,
Fir ze geroden ausser Rand a Band. 
Och am Kache si mir Spëtzt,
Mam Lea Linster voller Wëtz.
Mir an der Millen hunn do Schmitz Pëpp,
Dat ass eist Ketty Thull, hëlt s’all op d’Schëpp. 

Do hätte mir nach een,
Vun der Gréisst hir ass et nit keen,
Eise Camille, dee Groussen,
Zu Pallen gëtt et nämlech och nach e Klengen.
Wat huet hien net alles investéiert,
All Méigleches mobiliséiert,
Vun Zäit, Energie a Grëtz,
Fir ze fëllen d’Mille mat Wëtz.
D’Millen ass gi säi Kand,
Déi béid verbënnt en onsichtbart Band.

Nodeems mir am Comité eng Zäitche weiselos waren, hu mir elo erëm en neie President an der Persoun vum Albert Goedert. Ech hat Iech ufanks vu mengem Exkurs geschwat vum Big-Bang. Eisen neie President ass vu Statur aus genee esou BIG ewéi de Camille, hie schafft beim Büro Beng, also wiere mir erëm beim Big-Bang ukomm! 

Als Ofschloss nach e Reim vum Christian Morgenstern, engem däitschen Dichter:
„Ein Wiesel saß auf einem Kiesel inmitten Bachgeriesel. Wißt ihr, weshalb? 
Das Mondkalb verriet es mir im Stillen: Das raffinierte Tier tats um des Reimes willen.“

Domat wier ech um Enn vu mengem Gereims, ech hunn Iech alleguer ganz gär, an hoffentlech, no dësem Intermezzo, Dir mech och nach!

Fifi