Back to All Events

"Stëll Schnéinuecht" -Narration musicale avec Josée Bourg & Frin Wolter

  • D'Millen asbl Huewelerstrooss Beckerich Luxembourg (map)

“STËLL SCHNÉINUECHT” féiert an eng speziell Chrëschtnuecht. An där kontrastéieren Elengsinn a Keelt mat Magie, Dram, Frëndschaft an Zefriddenheet, fir herno zesummen ënner engem Hutt ze landen.

Een aussergewéinlecht musikalescht Erzielspill fir Grouss an och fir Kleng ab 8 Joer.

D'Josée Bourg bezeechent sech als Nomadin, stänneg a Bewegung, fir net an der Keelt, vun der Indifferenz, ze erfréieren. An deem Sënn ass si an ënnerschiddleche (Be)-Räicher ënnerwee: Performance, Zeechnung, Molerei, Installatioun, Skulptur, Text, Editioun, Theater, Geschichten, Erzielung, Radio-Journalismus, Hörspill, Kannergäertnerei..

De Frin Wolter ass professionellen Akkordeonist, aktiv a verschiddenste Gebidder: Erzielungen, Theater, Kammermusek, bis Symphoniesorchester a villes méi. Nei an aussergewéinlech Erausfuerderungen sinn him ee Magnéit. Vill Joren huet hien a Finnland gelieft, net wäit ewech vum Nordpol. Seng
Erfarunge mat Schnéinuechten sinn hei net ewechzedenken.